OPTAKT VUN DE 24 STONNEN MAM TEAM BALKAN


07 June 2017

Fir den Optakt vun de 24 Stonne Fussball de 17. an 18. Juni um Trainingskomplex vun der Jeunesse kënnt et zu engem klénge Changement.

De 17. Juni spillt spillt d'éischt Equipe vun der Jeunesse um 17 Auer nämlech géint den TEAM BALKAN.

Dat ass eng Equipe, déi vun eisem Spiller Milos Todorovic zesummegesat ginn ass. An hier spillen ënnert anerem och nach den Nenad Dragovic, Edis Agovic oder Admir Skrijelj.

D'Jeunesse organiséiert dee Weekend fir d'éischte Kéier e 24 Stonne Marathon am Fussball. Pro Goal geet en Don un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner, zanter laange Joren schon e Partner vun der Jeunesse.

Den Entrée ass frei an et ass och fir Ënnerhalung rondërem den Terrain gesuergt.