DE SOUSA 8. NEIE SPILLER OP DER JEUNESSE


14 June 2017

Um Dënschdegowend huet eis de Raphaël De Sousa säin Akkord ginn, fir déi nächst Saison op der Jeunesse ze spillen. Den De Sousa ass en defensive Spiller vu 24 Joer, deen déi lëscht 18 Méint beim FC Victoria Rouspert gespillt huet. De fréieren Jugend-Nationalspiller huet an der Jugend beim FC Metz a bei Alemannia Aachen gespillt.

De Raphaëll, deen op der Foto nierft eisem Teamkoordinator Manuel Mourao steet, ass eisen 8. a wahrscheinlech lëschten Transfert virun der neier Saison.

Wëllkomm op der Grenz Raphael!

#allezmaer