NEI VESTIAIREN ELO AM JANUAR?

Foto vun Luxemburger Wort



12 October 2017

Eigentlech hate mer all gehofft, dass déi nei Vestiairen um Trainingskomplex an der Hiel fir d'fussballeresch Rentrée Ufank September fäerdeg wieren. Dat war am Virfeld esou gesot ginn, ass awer, wéi jiddereen ka gesinn, deen do laanscht geet, nach net de Fall. Den Escher Schäffen Henri Hinterscheid gëtt elo am Wort an engem Artikel iwwert d'Fechthal (ieweschte Stack, iwwert de Vestiairen) zitéiert, e géif "hoffen, dass et am JANUAR 2018 fäerdeg" wier.

Fir eis sinn déi sanitäre Anlagen immens wichteg, net just, well d'Container, déi do stinn, no weit iwwer 10 Joer net méi de Besoinen vun der Zäit entspriechen, mee och well d'Zuel vun den Trainingssessiounen bei der Jugend dës Saison däitlech an d'Luucht gaange sinn. Parallel dozou ginn dann natierlech och méi Vestiaire gebrauch.

Hoffe mer dat Bëscht!

Foto aus dem Luxemburger Wort