RENDEZVOUS E SONNDEG UM 17 AUER!


15 July 2015

D'Jeunesse huet sech um Dënschdegowend fir d'Finale vun der Coupe Jos Wagner vun RM Hamm Benfica qualifizéiert. Den Eric Hoffmann (Eelefmeter) an den Arsène Menessou hunn d'Goaler bei eiser 2:0-Victoire géint d'US Esch geschoss. Bis ob Alex Vitali, Adrien Portier a Marc Oberweis ass de ganze Kader zum Asaz komm.



D'Finale gëtt e Sonndeg um 17 Auer um Terrain zu Hamm géint de Gewënner vum Match RM Hamm Benfica - Union Titus Péiteng gespillt.