Championnat, 23e journée


30 April 2016

DOMINÉIEREN ASS NET GEWANNEN

D'Jeunesse verléiert de wichtege Match am Hibléck ob eng méiglech Qualifikatioun fir d'Europa League mat 1-2 géint Stroossen. Trotzdem bleift d'Jeunesse nach ob der 4. Tabelleplaz an huet 3 Spilldeeg viru Schluss nach alles selwer an der Hand. E Samschdeg war däitlech, datt e Knipsert virum Goal feelt. Während 1 Stonn huet quasi nëmmen eng Equipe gespillt. Och wann d'Jeunesse net immens vill Goalchancen hat, sou hätt se awer schonn an der Paus mis...sen 1-0 vir sinn, mee de Ken Corral trefft de Poteau an den Ashot Sardarin setzt eleng virum Goalkeeper iwwer d'Lat. No der Paus huet och de Bryan Mélisse nach e Centre-Shot ob d'Lat vum Strossener Goal gesat. Vu Stroossen huet een net vill gesi bis zu engem Corner no knapp 70 Minutten. No engem Gewulls am Strofraum fällt den 0-1. E batteren Nogeschmaach hat de Goal, well de Linieriichter virdrun direkt ob Ofstouss entscheed hat, an den Arbitter, dee méi wäit ewech war, awer ob Corner decidéiert huet. Wou hanne méi obgemaach ginn ass, ass den 0-2 aus abseitsverdächteger Positioun gefall. An der Nospillzäit ass et just nach zum 1-2 duerch de Bryan Mélisse duergaangen. Nach ass awer alles dran.

Merci deenen Escher Supporter, déi trotz dem eeklege Wieder de Wee ob Stroossen fonnt haten.

Fir déi nächst Matcher bleift zeréckzehalen datt d'Leeschtung roueg kann d'selwecht bleiwen, mee d'Effizienz virum Géigner sengem Goal muss vill besser ginn.



Copyright Fotoen: Fernand Konnen