MARTIN ONTIVEROS NEI OP DER JEUNESSE

Photo par Fernand Konnen



22 June 2016

En Dënschdegowend huet mam Martin Ontiveros (wäissen Trikot) e weideren neie Spiller op der Grenz ënnerschriwwen. De Martin huet 24 Joer an ass e polyvalente Mëttelfeldspiller. Gebuer gouf en an den USA wou en och Fussball spille geléiert huet. D'läscht Saison huet hien mam RM Hamm Benfica de Lëtzebuerger Championnat kennegeléiert. Säi Kontrakt leeft iwwert 1 Joer mat Optioun op e weidert Joer.