FUTTBALL OP DER TÉLÉ: JEUNESSE TV AM JULI

Foto vun Pixabay



12 July 2016

Fir all déi, déi no dem Enn vun der Europameeschterschaft net wëssen, wéi se hier Owender solle verbréngen, hu mer elo eng kléng Hëllef. Déi neisten Emissioun vu Jeunesse TV kennt en Dënschdegowend op den Ecran. Doranner gesitt dir ënnert anerem Biller vum Match aus der Europa League, dir gitt gewuer wien de Goal vum Joer bei der Jeunesse geschoss huet an erlieft awer och nach emol d'Presentatioun vun der 1. Equipe an der "Belle Etoile" mat.

Diffusiounen op "dok - den oppene Kanal" sinn:

Dënschdeg, 12. Juli um 19.40 an 23.20 Auer

Mëttwoch, 13. Juli um 18.05 Auer

Donneschdes, 14. Juli um 19.40 an 23.20 Auer

Freides, 15. Juli /

Samschdes, 16. Juli um 17.40 an 20.35 Auer

Sonndes, 17. Juli um 12.10 an 18.10 Auer