WEEN ES NI GENUCH KRITT ...


21 October 2016

... dee soll an den nächste Wochen eng Kéier am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg laanscht goen. Do ass nämlech bis den 12. Mäerz 2017 nach d'Ausstellung "Football Hallelujah". Dat ass eng international Wanderausstellung iwwert de Fussball, deen awer hei zu Lëtzebuerg duerch e ganze Koup Elementer completéiert gouf, déi mam Lëtzebuerger Fussball a Bezuch stinn. Ënnert anerem sinn och ganz vill Stécker ze gesinn, déi a Relatioun mat der Jeunesse stinn.

Weider Infoe fannt dir op

www.mhvl.lu/de/exhibition/football/

oder dir kritt se um Tel. 4796 4500

#allezmaer - och am Musée ;)