WEIDER INFORMATIOUNEN ZU DE 24 STONNE FUSSBALL

Foto vun Fernand Konnen



24 March 2017

Haut wëlle mer déi éischt Nimm vu Veräiner bekannt ginn, déi deen een oder anere Match am Kader vun deene 24 Stonne spille kommen. Mir soe MERCI de Minimes vu BETEBUERG, de Scolaires vu WEILER, de Cadets vu BIELES an den Damme vu JONGLËNSTER. Mir freeën eis op äre Besuch.

De 24 Stonne Fussball Marathon gëtt bekanntlech de 17. an 18. Juni 2017 um Trainingskomplex an der Hiehl gespillt. Pro Goal, dee geschoss gëtt, kritt d'FONDATIOUN KRIIBSKRANK KANNER en Don.

#allezmaer