0-1 AN DER EUROPA LEAGUE VERLUER

Foto vun ConnollyPhotos



29 June 2016



D'Jeunesse huet nach all Chancen op den zweeten Tour an der Qualifikatioun vun der Europa League. Am Allermatch vum 1. Tour verléiere mär mat 0-1 zu Dublin géint St Patrick's Athletic. D'Iren, déi matten am Championnat sinn, waren an der 1. Halschent déi besser Equipe a waren och verdéngt vir. Mee no der Paus war d'Jeunesse déi Equipe mat de beschte Chancen an hat den 1-1 um Fouss. E Versuch vum Patrick Stumpf ass nach grad vun der Linn gekraazt ginn. Rendezvous ass elo nächsten Dënschdeg um 18.45 Auer op der Grenz fir de Retard gutt ze maachen.

Weider Fotoen vum Match fannt dir op eisem Twitteraccount @jeunesseesch07