110 JOER JEUNESSE E SONNDEG


11 August 2017

Wéi der wuel schon alleguerte wësst, ass d'Jeunesse e Sonndeg op den Dag genau virun 110 Joer gegrënnt ginn. Dofir gëtt ronderëm de Championnatsmatch géint Déifferdeng 03 e bëssi méi gebueden wéi normalerweis. Upaff ass um Sonndeg um 19.30 Auer. Hei de komplette Programm, dee schonn eng Stonn virdrun ugeet:

* Virum Match ass tëschent 18.30 an 19.30 Auer eng sougenannten HAPPY HOUR: "Buy one beer, get the second one free". Dës Aktioun gëtt nom Match, tëschent 21.15 an 22.15 Auer, widderholl.

* Um 18.45 Auer ginn d'Spiller aus dem Kader vun der 1. Equipe VIRGESTALLT.

* Géint 19.15 Auer iwwerreecht d'Jeunesse hire SCHECK vun de "24 Stonne Fussball" un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner. Dat a Präsenz vu verschiddene Memberen aus der VIP-Equipe, déi deemools matgespillt huet.

* Um 19.30 Auer mëscht eis beschte Lëtzebuerger Tennisspillerin, Mandy MINELLA, den Ustouss vum Match.

* Speziell fir den 110. Gebuertsdag ginn exklusiv deen Dag e spezielle SCHAL an e speziellen T-Shirt am Fanshop bei der Entrée "Places des Mines" verkaaft. Den Design huet sech un der offizieller Affiche (hei am Bild) orientéiert.

* Ob der selwechter Plaz gëtt et e Sonndeg och déi néi CUVÉE vun der Lëtzebuerger Musel ze kafen, d'Cuvée #allezmaer, déi d'Jeunesse an Zesummenaarbecht mam Domaine Henri Ruppert vu Schengen ausgeschafft huet. Dir kënnt är Fläschen am Virfeld reservéieren (zum Beispill mat enger Email ob jeunesch@pt.lu), da gitt der op kee Fall eidel aus.

A last but not least hoffe mer, dass eis Spiller eis a sech selwer mat dräi weidere Punkte beschenken.

Well d'Zuel vun de Parkplaze begrenzt ass an der Hiehl, recommandéiere mer iech de Parking sous-terrain ënnert der Brillplaz. Vun do aus sinn et duerch Brillstrooss zu Fouss ronn 12 Minutten ob den Terrain.

Ween e Sonndeg net ob d'Grenz kennt, ass definitiv selwer schold. :)

#allezmaer - an e Sonndeg nach e bësse méi