34 EQUIPPE BEI DE 24 STONNEN DERBÄI


21 April 2017

Wéi versprach kritt dir och dës Woch erëm weider Informatiounen zu de 24 Stonne Fussball, déi den 17. an 18. Juni um Trainingskomplex an der Hiehl no beim Ellergronn gespillt ginn. Insgesamt spille 34 Equippe mat. Leider kënne mir och kéng weider Equippen unhuelen, de Spillplang ass aktuell komplett (ausser et géif sech erëm eng Equipe ofmellen, wat mer awer net hoffen). Merci fir äert Versteesdemech.



10 Equipe vun der Jeunesse, déi matspillen: Eltere vun de Spiller, Minimes I, Scolaires II, Scolaires I, Cadets, Junioren, 2. Equipe, 1. Equipe, Equipe vu Comités- a Commissiounsmemberen, fréier Jeunesse-Spiller.



7 weider Equipe vun Esch, déi matspillen: Escher VBC, Handball Esch, Abol Esch, TC Esch, Boxe-Club Esch, Uni Belval, Gemeng Esch.



An nach 17 Equippen aus dem ganze Land, déi derbäi sinn: Selektioun vu Spiller aus dem Cap Vert (vum Clayton de Sousa zesumme gestallt), Entente Weiler, Beetebuerg, Pagny (F), Bieles, Monnerech, Luna II, Creos, Arcelor Mittal, Arbitteren, Journalisten, Studente vun Tréier, Damme vu Jonglënster (och eng schwaarz-wäiss Jeunesse) a vun Algrange (F), déi eemoleg Lëtzebuerger Nationalspiller a "last but not least" eng Equipe vu lokaler an nationaler Prominenz. D'Nimm vun den VIPen gi mer an nächster Zäit bekannt. Gecoacht gëtt dës Equipe vu kengen anerem wéi dem laangjäregen Nationaltrainer an aktuelle FLF-President Paul PHILIPP.



A wien elo mengt, do géif eng Equipe feelen, dee sief berouegt, d'Eltere vun de Kanner maachen e Match ënnert sech ;)



Mir freeën eis elo schonn ob de 17. an 18. Juni. An där?



#allezmaer