ALLES OP D'24 STONNEN!
16 June 2017
An hei nach emol den detailléierte Programm vun de 24 Stonne Fussball, déi de 17. an 18. Juni vu 17 bis 17 Auer um Trainingskomplex um Enn vun der Rue Jean-Pierre Bausch am Ellergronn zu Esch gespillt ginn. Kommt bis laanscht kucken, dir ënnerstëtzt domadder indirekt eise Partner, d'Fondatioun Kriibskrank Kanner
SPILLPLANG
17.00: Jeunesse I - Team Balkan (Milos Todorovic & friends)
18.20: Jeunesse Scolaires II - Entente Weiler/Aspelt
19.40: Friends & Family - Team Caritas (Refugees)
21.00: Jeunesse Cadets - The Belval Beles
22.20: Arbitres - Journalistes
23.40: Jeunesse Juniors - FC Mondercange
01.00: Tournoi éclair avec les équipe de Volleyball, de Boxe, de Tennis de Table, de Tennis et de Handball
05.10: Tournoi éclair avec les équipes Jeunesse II, Commune Esch, Vétérans Ehlerange et Bettembourg II
09.25: Jeunesse Minimes - SC Bettembourg
10.45: Lëtzebuerger Studenten Tréier - uni.lu Belval
12.05: Jeunesse Scolaires I - Pagny (F)
13.25: Dames: Junglinster - Algrange
14.45: VIP - Comité Jeunesse
16.00: Anciens de la Jeunesse - Anciens de l'équipe nationale
Natierlech ass während 24 Stonnen fir Iessen a Gedrénks gesuergt. Och fir Vegetarier.
Doriwwer eraus kann een Torwandschiessen an et kann een d'Force vu sengem Schoss moossen. Fir d'Kanner gëtt Face Painting offréiert a fir déi bësse méi grouss Beerpong. E Sonndëg um 12 Auer ass e flotte Concert Apéritif. An et gëtt eng flott Tombola offréiert, wou den Erléis och un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner geet.
Kommt bis laanscht a feiert mat.
Wëll um Sonndëg och nach den Dag fir d'Natur am Ellergronn ass, kann et enk gi mat de Parkplazen, dofir maacht iech mat Zäit op de Wee.
#allezmaer