Championnat, 11e journée

Foto vun Fernand Konnen



31 October 2015

Jeunesse Esch - Una Strassen 4 - 3 (2-1)



Mission accomplie, kann e soen, mee et war méi wei spannend. D'Jeunesse gewënnt 4:3 géint Stroossen an iwwerhëlt de Géigner vum Samschdegowend an der Tabelle. Et war e Match dee gewisen huet, firwat d'Léit de Futtball gären hunn. Stroossen war 1:0 vir, mee den David Soares mat engem Supergoal huet ausgeglach, ier de Momar N'Diaye nach virun der Paus op 11 m hinn den 2:1 geschoss huet. Géint 10 Stroossener kritt d'Jeunesse no der Paus awer 2 Goaler geschoss: 2:3! Dat huet och dem Trainer Carlo Weis net geschmaacht, dee vun Onkonzentréiertheet a Naivitéit geschwat huet nom Match. Mee mär kommen zeréck. A wéi! Fir d'éischt schéisst de Ricky Delgado den 3:3 no enger super Fräistouss-Kombinatioun. An an der 90.' trefft de Momar N'Diaye mat engem Fräistouss, e super Schoss, nach zum 4:3. Mat den Nerve war een um Enn, mee et huet sech gelount. Déi 4. Victoire noeneen. Esou kann et weidergoen. A wann dat spillerescht nach e bësse besser gëtt (well do ass nach Loft no uewen), da kenne mer déi ganz vir an der Tabell nach fäerten doen. By the way: Bei Jeunesse - Stroossen waren nëmme liicht manner Léit wéi beim sougenannten "Clasico". Mär waren zu 851.



Goaler: 22´ (0-1 22' Jager), 40' (1-1 Soares), 45' (2-1 N´Diaye), 48´(2 - 2 Rondel), 60' (2-3 Jager), 80' (3-3 Delgado), 90' (4-3 46´N´Diaye)



Jaunes: Soares, Hoffmann, N´Diaye, Vitali



E grousse Merci un de Fernand Konnen fir déi schéin Foto!