Championnat, 17e journée


13 March 2016

EN AUSRUTSCHER ZU RËMELENG

D'Jeunesse spillt zu Rëmeleng 1-1 géint d'Haushären a léisst domadder Déifferdeng an der Tabelle eleng ob der drëtter Plaz. Ob engem Terrain, dee fir déi zwou Equipen net liicht ze spille war, ass Rëmeleng an der 11. Minutt duerch den Diallo a Féierung gaangen. D'Jeunesse war déi ganz éischt Halschent net am Match a konnt sech kaum Goalchancen erausspillen. Nom Téi ass et net vill besser ginn, och wann ee méi Spillundeeler hat. De Goal vum Momar N'Diaye an der 75. Minutt huet zum ennert dem Stréch verdéngte Remis gefouert. Fir ze gewannen hunn d'Spiller um freie Sonndegmëtten nämlech ze wéineg gemaach gehat.



US Rumelange - Jeunesse Esch 1 - 1 (1-0)



Buts: 1 - 0 (11´), 1-1 (75´N´Dyaie)



Cartons jaunes: N´Dyaie, Menessou, Deidda, Portier



480 spectateurs