Championnat, 21e journée


17 April 2016

DÄITLECH VICTOIRE GÉINT WOLZ

Mat 5-1 gewënnt d'Jeunesse e Sonndeg zu Wolz. No enger 1. Halschent, wou d'Equipe crispéiert gewierkt huet, ass den erléisenden 1-0 kuerz virun der Paus gefall, wou den David Soares en Abpraller no engem Schoss vum Bryan Mélisse ausgenotzt huet. Wou den Arsène Menessou dunn kuerz no der Pause no engem Freistousstrick on 2-0 erhéicht huet, ass villes méi einfach ginn an et war quasi nach just eng Equipe um Terrain. De Grégory Molnar, de Bryan Mélisse an de Ken Corral hunn d'Resultat dunn ob 5-0 ausgebaut an dobäi nach déi eng oder aner Chance leie gelooss. An der Nospillzäit ass Wolz nach den Éiregoal gelongen. An der Schlussphase sinn och nach d'Youngsters Thibault Westermann a Yannick Breckler zum Asaz komm. An dësem engem Match huet d'Equipe iwwregens genee sou vill Goaler geschoss wéi an de siwe virdrun an der Réckronn.