Championnat, 22e journée


24 April 2016

JUST 1-1 GÉINT ROUSPERT



D'Jeunesse kennt géint Rouspert net iwwert en 1-1 eraus. No enger 1. Halschent mat wéinegen Héichpunkten ass de Match no der Paus vill méi lieweg ginn. D'Jeunesse huet eng vun hire Chancen duerch den N'Diaye no engem flotten Zouspill vum Mélisse zum 1-0 an der 62. Minutt ausgenotzt. Och duerno ass d'Jeunesse nach um Drécker bliwwen. No engem Ballverloscht am Mëttelfeld war et awer Rouspert, dat duerch de Lascak ronn 10 Minutte viru Schluss den 1-1 geschoss huet. D'Equipe huet sech awer net opginn an huet weider no vir gespillt. Eng Duebbelchance ronn 5 Minutte viru Schluss duerch N'Diaye an Delgado ass zweemol just un d'Ennerkant vun der Lat gaangen! Et sollt kee Goal méi falen.



Merci der Agence d'Assurances Bentz et Duarte fir de Ball vum Match. E grousse Merci dofir.



Copyright Foto: Fernand Konnen