Coupe de Luxembourg - 1/16 Finall


07 November 2015

E Freidegowend ass d'1/16-Finall vun der Coupe de Luxembourg ausgeloust ginn. Dobäi war am Virfeld gewosst, datt déi 14 Clibb aus der BGL Ligue net kéinten géinteneen falen, mee dat se all missten auswäerts untrieden. Ënnert deenen Ëmstänn huet d'Jeunesse bal dat schwéierst Lous erwescht, wat do war. Den 22. November geet d'Rees nämlech ob Kanech, wou d'Jeunesse vun Esch ob d'Jeunesse vu Kanech trefft.