Coupe de Luxembourg - 1/8e Finale


06 December 2015

An der Coupe de Luxembourg war an der 1/8-Finall Endstatioun. Géint Diddeléng gouf et eng hefteg 0:5-Defaite. Bis zum 0-0 war et en ausgeglachene Match. Duerno hu krass Feeler vun eis Diddeléng et relativ einfach gemaach. Aneschter hätt et kennen ausgoen, wann den Arbitter beim Stand vun 0-2 en Eelefmeter ob de Molnar gepaff hätt. Mee en huet de Match weider lafe gelooss an dat war et. An der 2. Halschent war de Klassenenerscheed onverkennbar. Mär waren net gutt an Diddeleng ganz staark. Gutt datt elo Wanterpaus ass. A wéi seet een esou schéin: besser eemol 0-5 verléieren wéi 5mol 0-1.

Copyright vun der Foto: Fabrizio Munisso.