Crowdfunding Jeunesse Esch


24 February 2015

Léiw Memberen, Frënn a Sympathisante vun der Jeunesse,



Wéi dir bestëmmt schonn iwwert d'Medie matkrut hutt, huet d'FIFA eis zu enger Strof vun 125.000 Euro veruerteelt. Dës Zomm musse mer als sougenannten "Ausbildungsentschiedegung" un dréi portugisesch Clibb bezuelen. An dat fir e Spiller, deen nëmmen eng hallef Saison bei eis war a kaum zum Asaz koum.



Esou eng grouss Zomm ass fir d'Jeunesse kaum ze stemmen. Dofir froe mir iech, léiw Memberen, Frënn a Sympathisante vun der Jeunesse, em e bëssen Hëllef. Mir wiere frou iwwert all Don, egal iwwert wéi e Montant, fir an eis dëser Affaire ze ënnerstëtzen. Dir kënnt dat duerch eng Iwwerweisung ob e speziell ageriichte Kont vun der Jeunesse bei der Spuerkeess machen:



BCEELULL LU82 0019 4555 1705 5000



mat der Mentioun "Crowdfunding".



Bis elo hunn mer et, dank éischten Donen fäerdeg bruecht de Montant op



115.700.-€



ze reduzéieren.



Demnächst kritt där méi Informatiounen op eisem um Site. All eis Memberen kréien e perséinleche Bréif heem geschéckt wou méi Detailer zu der Aktioun ze fanne ginn.



Mär wäerten deen aktuelle Reschtbetrag all Donneschdeg op op eisem Site publizéieren.



Am Numm vun der Jeunesse e grousse MERCI!



Le Conseil d'Administration de l'AS La Jeunesse d'Esch