D'JEUNESSE SPILLT EUROPA LEAGUE


29 May 2016

No engem Joer Ënnerbriechung spillt d'Jeunesse 2016/17 erëm an der Qualifikatioun zur Europa League. Well den F91 Diddeléng den Doublé gemaach huet, erlaabt och déi 4. Plaz vum nationale Championnat nach sech fir des Competitioun ze engagéieren. D'Auslousung vun den zwou éischte Qualifikatiounsronnen ass den 20. Juni am Sëtz vun der UEFA zu Nyon an der Schwäiz. Den éischten Tour ass ugesat fir den 30. Juni (Aller) an de 7. Juli (Retour). Anescht wéi nach virun zwee Joer ass d'Jeunesse dëst Joer net am Dëppe vun de gesaten Equippen a kritt dohier scho mol een theoretesch méi staarke Géigner.