DE GOAL VUM JOER OB JEUNESSE TV
13 June 2016
Um Dënschdeg, 14. Juni, kennt déi nei Emissioun vu Jeunesse TV. Ënnert anerem gëtt an der Sendung fir de Goal vum Joer opgeruff. Kuckt eran a wielt mat, wéi e Jeunesse-Spiller de schéinste Goal geschoss huet a gewannt e flotte Präis. Méi Informatiounen an der Emissioun vu Jeunesse TV.
Weider Theme sinn:
- D'Journalisten Serge Olmo a Christophe Nadin analyséieren d'Saison vun der Jeunesse.
- Den Trainer Carlo Weis verréit eis, wiem hien d'Daumen bei der Europameeschterschaft dréckt.
- De Jeannot Schaul, Spiller an den 70-er Joren, erzielt vu senger Léift zur Jeunesse.
Vill Spaass beim Kucken.
Jeunesse TV gesitt dir ob dok - den oppene Kanal.
DIFFUSIOUNSZÄITEN
Dënschdeg, 14. Juni: 19.40 an 21.40 Auer
Mëttwoch, 15. Juni: 17.00 an 23.05 Auer
Donneschdeg, 16. Juni: 19.40 an 21.40 Auer
Freideg, 17. Juni: 17.10 Auer