DE MOND OFBOTZEN A WEIDER


21 February 2016

D'Jeunesse gewënnt ob engem reeneresche Sonndegnom ëtte mat 1-0 géint den CS Gréiwemaacher. Sou wéi d'Wierder, war och de Match: Net immens! D'Victoire ass méi wéi verdéngt, well mäer vill méi an och vill besser Chancë wéi déi vun der Musel haten. Allerdings ass nëmmen eng dovunner ausgenotzt ginn. An der éischter Halschent schéisst de Ken Corral den entscheedende Goal no engem Corner. Gréiwemaacher huet nom Wiessel ferm gedréckt an déi Konterchancen,... déi mir an der Schlussphas haten, sinn all ongenotzt bliwwen. Nieft den dräi Punkte kann een nach den Astand vum Brandon Soares Rosa notéieren. Mat reicht 17 Joer ass hien ronn 20 Minutte viru Schluss agewiesselt ginn. Weider esou Brandon! A fir de Recht vun der Equipe gelt: Dir kennt dat besser Jongen! „wink“-Emoticon Ob dem Fernand Konnen senger Foto geséit een den 1-0 duerch de Ken Corral.