DEN TRAINER CARLO WEIS HÄLT OP

Fernand Konnen



06 March 2017

De Verwaltungsrot vun der AS La Jeunesse d'Esch muss matdeelen, dass den Trainer Carlo Weis decidéiert huet, mat "effet immédiat" seng Plaz opzeginn. Mat där Decisioun soll der Equipe zu engem néien Opschwong verhollef ginn. Gläichzäiteg gëtt esou engem neien Trainer erlaabt, fir elo scho mat der Equipe ze schaffen an déi nei Saison virzebereeden.

De Verwaltungsrot vun der AS La Jeunesse d'Esch seet dem Carlo Weis Merci fir déi geleeschten Aarbecht.

Aktuell fänken d'Gespréicher mat méigleche Successeuren un.

E Sonndeg spillt d'Jeunesse um 16 Auer doheem op der "Grenz" am Escher Derby géint d'Fola.