E GROUSSE RENDEZ-VOUS MËTT JUNI


14 February 2017

D'Jeunesse invitéiert elo schonn op hiren éischten "24 Stonne Fussball" de 17. an 18. Juni 2017 um Trainingsterrain an der Hiehl. Pro Goal, dee während deene 24 Stonne fält, kritt 'Fondatioun Kriibskrank Kanner" en Don.

Wat méi Goaler, wat also méi Geld fir e gudden Zweck. Am Laf vun den nächste Woche publizéiere mir hei op der Plaz weider Detailer.

Mee notéiert iech elo schonn den Datum an ärem Agenda: 17. an 18. Juni. Vu 17 bis 17 Auer.

#allezmaer