E KOUP VOLLER HÉICHPUNKTE BEI DE 24 STONNEN


15 March 2017

Beim 24 Stonne Fussball, deen d'Jeunesse de 17. an 18. Juni organiséiert, stinn e ganze Koup spilleresch Héichpunkten un.

Um Sonndegmëtten spillt esou um 14.30 eng VIP-Equipe géint eng Equipe, déi sech aus fréieren an aktuelle Memberen vum Comité zesummesëtzt. Mir si frou, bei de VIP'en elo schonn ënnert anerem Zousoen ze hu vu Léit wéi Jenny Warling, Marie Muller, Dan Spogen a Marc Spautz.

Um 16 Auer sti sech dann am leschte Match vum Weekend fréier Spiller vun der Jeunesse an eng Equipe vun de fréieren Nationalspiller géintiwwer.

Bekanntlech ginn déi 24 Stonnen fir e gudden Zweck gespillt. Pro Goal kritt d'Fondatioun Kriibskrank Kanner en Don gemaach. D'Rechnung ass séier gemaach: Méi Goaler, méi Geld fir d'Fondatioun.

#allezmaer