E SPEZIELLEN DAG FIR EIS POUSSINS
Foto vun Laurent Schüssler
04 March 2017
Dëse Samschdegowend vergiessen eis Poussins wahrscheinlech net esou séier. Haut den Owend däerfe si zu Metz am Stade St-Symphorien viru ronn 15.000 Zuschauer mat den zwou Equippen op den Terrain lafen. Duerno kucke si all zesummen de Match aus der héchster franséischer Spillklass tëschent dem FC Metz an dem Stade Rennais.