FIR EIS 110 JOER ENG GANZ SPEZIELLE DRAUF


10 August 2017

E vun den Héichpunkte bei de Festivitéite fir 110 Joer Jeunesse wäert e Sonndeg d'Presentatioun vun engem ganz besonnesche Produit vun der Lëtzebuerger Musel sinn. Vun elo un gëtt et d'CUVÉE #ALLEZMAER ze kafen. An Zesummenaarbecht mat dem Domaine Ruppert vu Schengen bitt d'Jeunesse e CREMANT, e RIESLING an e PINOT GRIS am speziellen #allezmaer Design un.

Ween drun interesséiert ass, kann am Virfeld iwwer Facebook oder Email ob jeunesch@pt.lu seng Commande opginn, e kann de Wäin oder de Cremant dann e Sonndeg um Terrain ofhuelen (an direkter Noperschaft vun der "Verlängerung"). Bezuelt gëtt ob der Plaz.

Eng Fläsch Cremant kascht 10 Euro, 1 Fläsch Riesling oder Pinot Gris 12 Euro. Wann der e spezielle Kadoskartrong wëllt wéi ob der Foto, kommen 5 Euro derbäi. Natierlech kann een d'Fläschen och eenzel resp. ouni Kartrong kafen.

#allezmaer - a Prost!