GEWONNEN!

Foto vun Fernand Konnen



26 February 2017

Duerch e Goal vum Patrick Stumpf no enger Véierelsstonn hu mär mat 1-0 géint Déifferdeng gewonnen. An enger gudder 1. Halschent hate mer duerch de Milos Todorovic souguer nach virun der Paus d'Méiglechkeet op 2-0, mee et sollt net sinn. Allerdéngs hat och Déifferdeng an där Phase eng gutt Chance, mee de Poteau huet gerett.

An der 2. Halschent huet Déifferdeng ëmmer méi gedréckt, mee d'Defense huet net vill zougelooss. De Johannes Kühne hat souguer d'Virentscheedung eng Véierelsstonn viru Schluss um Kapp. mee no engem Corner wéist de Weber am Déifferdenger Goal e staarke Reflex. 

Knapp 1500 Zuschauer ware fir dee Match op d'Grenz komm. Fotoe si vum Fernand Konnen.