HAUT ASS (KLÉNGEN) DERBYDAY


06 August 2017

D'Paus ass eriwwer. Haut gëtt et an der BGL Ligue erëm eescht an em Punkten. A fir eis Equipe fänkt de Championnat direkt mat enger ganz grousser Erausfuerderung un: dem klengen Derby bei der US Esch. Upaff ass e Sonndeg um 16 Auer.

E ganz schwéiere Match aus e puer Grënn: e syntheteschen Terrain, deen ons Spiller net gewinnt sinn, eng ganz kléng Anlag ouni Tribün, an Opsteiger, déi relativ staark ze si schéngen, déi zwee aner Clibb déi opgestige sinn, hunn hier 1. Matcher jeeweils net verluer.

Den Trainer Marc Thomé ass awer ganz zefridde mat der Virbereedung. Mee e staarke Support vun de Fans fir hier Equipe ass ëmsou méi wichteg fir ze weisen, wien zu Esch nach ëmmer de Meeschter ass.

Fir eis Supporter nach emol den Hiweis:

- Sidd ganz fréi do, well maximal 1000 Zuschauer ob den Terrain kommen. 

- Et kann och an de Keesen (et sollen der 3 op sinn) zu gréissere Staue kommen.

- Et si guer keng Gradinen do, dir kennt iech just laanscht d'Clôture stellen, an do sinn d'Plazen eben nach emol begrenzt.

- A wien fir de Mëtteg nach eng Kapp oder e Schal brauch, eise Fanshop am Hotel Stand Inn ass nach op.

Mär gesinn eis de Mëtteg!

#allezmaer