JEUNESSE GÉINT SAINT PATRICK'S ATHLETIC FC


20 June 2016

An der 1. Qualifikatiounsronn zur Europa League trefft eis Jeunesse op Saint Patrick's Athletic FC aus Dublin. Den éischte Match - an Irland - ass provisoresch op en Donneschdeg, 30. Juni, ugesat ginn. De Retour wier dann eng Woch méi spéit (de 7. Juli) op der Grenz.

OPGEPASST: Wéinst verschiddene Reglementer vun der UEFA ass et gutt méiglech, datt een oder souguer déi zwee Matcher jeeweils zwee Deeg no vir geluecht ginn! Mir kréien do am Verlaf vum Dënschdeg nach déi exakt Donnéeën vun der UEFA. Mir halen iech informéiert!