JEUNESSE TV, DZEMBER 2015: DE BILAN VUN DER HIRONN


13 December 2015

En Dënschdeg, de 15. Dezember, kennt d'Dezember-Emissioun vu Jeunesse TV. Premiere ass um 19.40 Auer ob "dok - den oppene Kanal".



Haaptthema ass de Bilan vun der Hironn mam Trainer Carlo Weis. Weider Theme sinn e Retour ob de Coupe-Match géint den F91 an déi nei Jugendkommissioun. An zum Joeresofschloss däerf och de Spaass net ze kuerz kommen.



Diffusiounszéiten sinn:



- Di. 15.12. um 19.40 an 21.35 Auer

- Mi. 16.12. um 17.30 Auer.

- Do. 17.12. um 19.40 an 21.35 Auer

- Fr. 18.12. um 18.10 an 23.30 Auer

- Sa 19.12. um 18.55 Auer.