MAACH ET GUTT, ERIC


01 December 2016

D'Jeunesse huet de Championnatsmatch géint Stroossen als Ulass geholl, fir dem Eric Hoffmann offiziell Merci ze soen fir alles, wat hien zanter 2009 fir eis gemaach huet. Aus verschiddene Grënn war dat méi frei net méiglech gewiescht.

Bonne Chance och weiderhin Eric, sief dat am Sport, dem Beruff oder dem Privatliewen.

De Comitésmember Fränz Schuler huet dem Eric e klénge Souvenir iwwerreecht.