MÄR DENKEN UN DEN ALBERT SCHAACK +

Foto vun 100 Joer Jeunesse Esch



26 September 2016

E Sonndeg ass beim Escher Derby tëscht der Fola an der Jeunesse un den Albert Schaack geduet ginn deen viru kuerzem verstuerwen ass. Den Albert huet sech vun der Jugend un erop gespillt an der Jeunesse bis an 1. Equipe wou hien 165 Matcher gemeet an 85 Goaler geschoss huet an dat an den Joeren 1952 bis 1963.Heen huet mat der Jeunesse an der Coupe d'Europe gespillt géint den IFK Göteborg,IKS Lodz,Real Madrid an Stade de Reims.

2009 war den Albert fir d'lescht op der Grenz fir den 50. Jubiläum vum Match géint den Real mat sengen deemolegen Spillerkollegen. Eiser all hiert Bäileed un dem Albert seng Famill.

Op der Foto geséit een hien 1962, wou e vum deemolege Prënz Jean begréisst gëtt. Coypright Foto: 100 Joer Jeunesse Esch

Den CA vun der Jeunesse