MOAR ASS DERBYZÄIT


11 March 2017

Um 16 Auer gëtt e Sonndeg den Escher Derby am "Stade de la Frontière" op der "Grenz" ugepaff. D'Wieder wäert och moar um Rendez-vous sinn, sou dass virun enger flotter Kuliss ka gespillt ginn.



E puer wichteg Informatiounen zum Match:

* Kuerz virum Upaff vum Match gëtt déi néi forméiert Jugendkommissioun vun der Jeunesse um Terrain virgestallt.

* De Ball vum Match ass vun der AGENCE PRINCIPALE D'ASSURANCES LALUX BENTZ ET DUARTE vun Esch gestëft ginn. Hinnen dofir e grousse Merci!

* An der Paus vum Match gratuléiert d'Jeunesse de Schwoarz-Wäisse vum Handball Esch fir hier Victoire an der Coupe de Luxembourg.

* Virun, während an nom Match ass FOX BEER, den neie Lëtzebuerger kalorienaarme Béier, mat engem klénge Stand op der Plaz, wou een hire Produit degustéiere kann.



Fir Zuschauer vun auswäerts wëlle mer drop hiweisen, dass d'Parkhaus op der Brill-Plaz just ronn 12 Minutten zu Fouss vum Jeunesse-Terrain ewech léit an Sonndes e spezielle Tarif ubitt.



Mir freeën eis op äre Besuch!



#allezmaer