OUSCHTEREN FIR D'KANNER OP DER JEUNESSE


29 March 2017

D'Jugendkommissioun luet e Freideg, den 21. Abrëll - dat ass an der Ouschtervakanz - all d'Kanner, déi 2010 an 2011 gebuer sinn (an egal ob se schonn eng Lizenz bei der FLF hunn oder net) op e flotten Nomëtteg op hiren Trainingskomplex. Bei der "Animatioun Pol Steffen, no eisem fréiere Goalkeeper genannt, steet de Fussball zwar an éischter Linn, mee net nëmmen.

Umeldungen si méiglech iwwer Email bei jeff@ludovicy.lu

Mir freeën eis op Iech!

#allezmaer