RIP SERGE ROQUES


28 September 2017

D'Jeunesse huet déi traureg Obligatioun iech den Doud vun eisem fréiere Goalkeeper Serge Roques matzedeelen. De Serge ass am Alter vun nëmmen 63 Joer no längerer Krankheet gestuerwen. En huet vun 1976 bis 1984 de Jeunesse-Trikot ugehat, fir d'éischt war en d'Nummer zwee hannert dem René Hoffmann, duerno huet hien de René am Goal ersat. A sengen 123 Matcher huet hien et esouguer fäerdeg bruecht, eng Kéier e Goal ze schéissen.

Nous ne t'oublierons jamais Serge!