Table Ronde


04 January 2015

De Comité vun der Jeunesse an den Kichechef zu Capellen freeën sech Iech als Éieregaascht op eng Table Ronde anzelueden

e Samsdeg, den 10. Januar 2015 vun 15.30 bis 16.30 Auer am "Kichechef" op der Cap.



Un der Table Ronde déi als Sujet huet :



Erausfuerderungen vum Lëtzebuerger Veräinsfussball



huelen deel :

M. Fabrizio Bei (Déifferdeng 03)

M. Jean Cazzaro (Jeunesse Esch)

M. Guy Fusenig (CS Gréivenmaacher)

M. Romain Schumacher (F91 Diddeleng)



D‘Discussioun, animéiert vum Här Laurent Schüssler (Luxemburger Wort), gëtt vollstänneg gefilmt an déi beschten Extraiten ginn an den monatlechen Emissiounen vun Jeunesse TV an de Méint Januar a Februar 2015 ausgestrahlt.



Madame Fernande Folschette, Pianiste am Café des Artistes am Grond, begleet d‘Evenement zwëschen 17.00 an 19.00 Auer.

Jiddereen deen, den 10 Januar 2015 zwëschen 14.00 an 18.00 Auer eppes am Kichechef keeft, hellt un enger Gratistombola deel.

Een aneren flotten Pluspunkt vum Evenement : Gratisbéier vun 18.00 Auer un.



An der Hoffnung dass mir Iech den Samschden 10 Januar 2015 am Kichechef op der Cap ëmpfänken kennen, gréissen Iech ganz häerzlech, dir Dammen an dir Hären, de Comité vun der Jeunesse an den Centre d’ameublement Kichechef.