WIELT DEM DAVID SÄI GOAL ZUM GOAL VUM JOER BEI RTL
05 September 2016
RTL wielt och des Saison erëm de Goal vun der Saison 2015/2016. Ënnert deenen 5 Proposen fënnt een och dem David Soares säi Goal géint Stroossen erëm, deen bei Jeunesse TV jo schonn zum Goal vum Joer gewielt ginn ass.
Wann der wëllt, datt dem David säi Goal zum Goal vum Joer vu ganz Lëtzebuerg gewielt gëtt, da stemmt fläisseg of. Dir musst nämlech eng SMS mat "GOAL 2" op den 62468 schécken. Leschten Delai ass de 27. September. D'Konkurrenz ass haart, dofir simst fläisseg (50 cts/SMS).
Mir wënschen dem David bonne Chance.
#allezmaer