DEN ARSÈNE MENESSOU ASS ZERÉCK
Foto vun Fernand Konnen
26 May 2017
Fir déi nei Saison kann den Trainer Marc Thomé op eng weider Verstäerkung zeréckgräifen: No engem Joer beim RM Hamm Benfica kënnt den Arsène Menessou erëm zeréck op d'Grenz. En huet e Kontrakt iwwer zwee Joer ënnerschriwwen. Den Arsène huet 29 Joer an ass am defensive Mëttelfeld doheem. E war ugangs der Saison 2015/16 vu Virton aus der Belsch op d'Jeunesse gewiesselt.
Bienvenu chez toi Arsène!
Copyright Foto: Fernand Konnen