GÉINT STRASSEN CONFIRMÉIEREN AN POSTHUM ÉIERUNG FIR DE RENE PASCUCCI
06 April 2019
Nodeems mär leschten Sonnden géint Rosport 3 Punkten kritt hunn mussen mär elo géint Strassen confirméieren an alles drun sëtzen fir och dëse Match ze gewannen.
Virum Match gëtt de René Pascucci posthum geéiert
Eng Delegatioun vun der Gemeng Gualdo Tadino (I) mat un der Spëtzt dem Buergermeeschter dem Dottore Massimiliano Presciutti éiert mam BEATO ANGELO 2019 posthum den René Pascucci an iwwerreecht virum Match een Mosaïque un de President J.Cazzaro an Präsenz vun der Famill Pascucci