Sébastien Grandjean et Dinis de Sousa


09 April 2019

Den Sébastien Grandjean an Dinis de Sousa remplacéieren vun haut un Trainergespann Marc Thomé an Denis Pfeiffer .
Den Sébastien Grandjean ass eis alleguer hei op der Grenz bekannt well hien wuar Trainer vun der 1. Ekipp. Am Laf vun der Saison 2010-2011 ass hien komm bis am Laf vun der Saison 2012-2013 wou hien seng Fräigab gefrot huet fir an den Profis Beräich ze goen an an der Belsch La Louvière iwwerholl huet. 
Dem Sébastien séin Co-Trainer gëtt den Dinis de Sousa deen och Co-Trainer bei eisen Junioren ass déi bis elo eng ganz erfollegräich Saison gespillt hunn an an der Finale vun der Coupe du Prince stinn. Den Dinis ass eisen Supporteren och gutt bekannt well hien huet iwwer Joren 
hei op der Jeunesse an der 1. Equipe gespillt.
Mär alleguer hei op der Jeunesse heeschen déi zwee wëllkomm an wënschen hinnen an den Spiller Bonne Chance.
#allezmaer