Eisen neien Trainer am Gespréich (Deel I)

Den Nicolas Huysman Foto vun Guy Guth



13 June 2019

Den Nicolas Huysman huet vun 1984 bis 2003 als Profi a Frankräich gespillt an an där Zäit 285 Matcher an der 1. franséischer Divisioun gespillt. Zanter 2003 war hien Trainer a sportlechen Direkter a Frankräich zu Dunkerque, wou hien hier ass, a bei de Francs-Borains an der Belge. Vun der neier Saison un ass hien de Cheftrainer op der Jeunesse.

Här Huysman, wéi war den 1. Kontakt mat der Jeunesse?

E gemeinsame Bekannten huet mech de Responsabele vum Club virgestallt. De Kontakt war direkt ganz gutt. Ech appreciéieren de President, dee séi Veräin wierklech gären huet. Ech hunn och scho vill Benevole kennegeléiert, déi sech fir hire Club engagéieren.

Wat wousst Dir vum Lëtzebuerger Fussball ier Dir op d'Jeunesse komm sidd?

Ech sinn éierlech: net vill. Ech hu Lëtzebuerg als Land kannt. Ech war fréier e puer Mol hei. Ech hunn als Profi beim FC Metz gespillt an dann ass een heiansdo heihinner komm. Dat ware ganz flott Momenter. Ech hu mech awer renseignéiert a vill Positives héieren iwwert d'Entwécklung vum Fussball hei zu Lëtzebuerg. Et ass e flotten Challenge. 

Ginn et e puer Nimm vu Lëtzebuerger Spiller oder Traineren, déi Iech e Begrëff sinn?

Jo, do kënnen ech der puer. Wéi de Cyril Serrredszum, mat dem ech viru kuerzem nach telefonéiert hunn. Natierlech kennen ech och de Sébastien Grandjean ganz gutt. Hien huet mer iwwregens recommandéiert, ob d'Jeunesse ze kommen.

Dir waart an ärer aktiver Zäit en offensive Mëttelfeldspiller. Hutt dir och als Trainer eng Preferenz fir dat offensiivt Spill?

Wichteg fir mech ass d'Intensitéit am Match. Ech well, dass meng Spiller de Géigner héich siche ginn, him wéineg Raum loossen. Offensiv ass e Begrëff, deen eigentlech net vill ausseet. Ech well eng Equipe, déi mat Häerz spillt, déi Emotiounen eriwwerbréngt. Dat alléng geet natierlech net duer, dohanner ass eng straff Organisatioun wichteg.

A wéi engem System spillen är Equippen normalerweis?

Wéi all Trainer hunn ech den ee System léiwer wéi en aneren. Mee ech kommen hei an e Club, wou de Kader zu groussen Deeler steet. Ech wäert méi System de Méiglechkeeten upassen. Dofir heescht et elo mol d'Spiller kenneléieren an da kucke mer, wéi mer weider maachen. Mee déi lëscht Entscheedung huelen ech. Als Cheftrainer sinn ech dofir responsabel.

Liëst den zweeten Deel vum Interview an e puer Deeg op dëser Plaz. Den Originalinterview ass op franséisch gemeet ginn.