Championnat, 10e journée
25 October 2015
Victoria Rosport - Jeunesse Esch 1 - 2 (0 - 2)
Goaler: 26´ (0 - 1 N´Diaye), 28´(0 - 2 Kintziger) 46´(1-2 Förg)
Jaunes: Menessou, Soares, Delgado
415 spectateurs
Mär gewanne mat 2:1 zu Rouspert an hunn domadder am drëtte Match noeneen déi dräi Punkte krut. Rouspert hat gutt an de Match fonnt, mee d'Goaler huet d'Jeunesse an der 1. Halschent geschoss. Déi zwee éischt Bäll ob de géigneresche Goal sinn direkt ergaangen: 2:0 fir d'Jeunesse! De Molnar hat den N'Diaye schéint an d'Déift geschéckt (1:0, 26. Minutt) a kuerz duerno huet de Kintziger eng flott Konter iwwert Sardarian a Corral mam 2:0 perfekt gemaach (30. Minutt). Direkt no der Paus huet déi ganz Defense net gutt ausgesinn a Rouspert ass direkt ob 1:2 erukomm. Duerno war et kee Match fir schwaach Nerven, well Goalchancë sinn et ob deenen zwou Säite ginn. En 3:1 war méiglech (well mär hate riseg Chancen), mee en 2:2 och