BEI JEUNESSE TV ASS D'WANTERPAUS ERIWWER
07 March 2017
Um Dënschdegowend ass och fir Jeunesse TV d'Wanterpaus eriwwer. Um 19.45 Auer ass um dok - den oppene Kanal Premiere vun der Mäerz-Emissioun. Nierft de Biller vun der Victoire géint Déifferdeng gesitt dir och en Interview mam Johannes Kühne an dir Neiegkeeten iwwer de 24 Stonne Fussball gewuer, deen Mëtt Juni organiséiert gëtt. Gudden Amusement.
DIFFUSIOUNSZÄITEN VU JEUNESSE TV
Dënschdeg, 7. Mäerz: 19.45 an 21.05 Auer
Mëttwoch, 8. Mäerz: 17.10 Auer
Donneschdeg, 9. Mäerz: 19.45 an 21.05 Auer
Freideg, 10. Mäerz: 20.30 Auer
Samschdeg, 11. Mäerz: 17,15, 20.20 an 23.15 Auer