MERCI EISEN ÉISCHTE PARTNER FIR D'24 STONNEN
09 May 2017
Verschidde Partner hunn eis schonn hier Zouso gi fir d'24 Stonnen. D'Gold- an d'Sëlwer-Partner bezuelen e Montant pro Goal, dee geschoss gëtt. Dëse geet un d'Fondatioun Kriibskrank Kanner. D'Bronzepartner hëllefen der Organisatioun net finanziell, mee mat Material.
Eise MERCI geet dofir elo schonn op dëser Plaz un:
Gold: Anidris
Sëlwer: Sudstroum
Bronze: Cactus, Jos Petit et fils (Importateur général vu Panasonic) an La Fournée Luxembourgeoise
Mir hoffen natierlech, dass nach deen een oder aneren derbäi kënnt.
Wann also nach een, op Privatpersoun oder Commerce, sech seet, ma et ass eng flott Saach fir d'Fondatioun Kriibskrank Kanner ze ënnerstëtzen an hien well och en Don maachen am Kader vun de 24 Stonnen, dee ka sech gären iwwert eise Facebookkont oder iwwer Email jeunesch@pt.lu bei eis mëllen.