Καλώς Ηρθες GEORGIOS!


20 August 2020

D’Jeunesse huët den Georgios Xenitidis fir een Joër vun Olympiacos FC ausgeléint. Den Georgios ass en zentralen Mëttelfeldspiller a woar an allen Alterscatégorien Kapitän bei Olympiacos FC. Heen ass véiermol Champion an Griechenland ginn. Déi lescht Saison woar heen am Profiskader vun Olympiacos FC an huët fënnëfmol an der éischter Liga an Griechenland gespillt. Heen woar beim Champions League-Match géint Bayern München am Kader an och virun e puër Wochen géint Wolverhampton an der Europa League huët heen zum Effektif gehéiert. An zwou Saison’en an der UEFA Youth League huët den Georgios sechsmol gespillt. Mat der U19 huët heen als Chef am Mëttelfeld ingesamt 12 Goaler an 15 Virlaagen opzeweisen. Heen huët insgesamt 27 Matcher (1 Goal) an den U16-U20 vun Griechenland gespillt.
Καλώς Ηρθες Georgios!
#allezmaer