DE BILAN VUN DER HIRONN (1/2)


14 December 2022

15 Matcher an der BGL Ligue si bis elo gespillt. Weider geet et réischt de Weekend vum 12. Februar 2023, also a knapp 3 Méint. Zäit fir en 1. Tëschebilan vun onser Equipe ze zéien.

No engem schlechte Saisonsoptakt mat just 1 Victoire aus 8 Matcher hu mär glécklecherweis nach d'Kéier krut a konnten eis an der 2. Hallschent  erop schaffen. No der Hironn léit d'Jeunesse op der 7. Tabelleplaz ënnert 16 Equippen mat 19 Punkten an engem Bilan vu 5 Victoiren, 4 Gläichspiller a 6 Defaiten. Vill huet also net gefeelt fir dat perfekt ausgeglachent Bild an der Tabelle. 

19 ass iwwerhaapt eis Zuel vun der Hironn, well eis Goaldifferenz léit bei 19:19 Goaler. Wat seet eis dat? D'Jeunesse konnt sech an der Hironn op eng super Defense verloossen, just déi zwee Tabellenéischt Diddeleng an Hesper haten eng besser Verdeedegung. Mee an der Attack huet et u vill gefeelt, just 4 vun deenen anere 15 Equippen hunn an der Hironn manner Goaler geschoss wéi mär. Do ass nach vill Loft no uewen. Plazt do de Knuet, da kënne mär eis op eng flott Réckronn freeën.

Analyséiere mär d'Tabell weider, sou léie mär dach awer schonn 10 Punkten hannert dem 3. an der Tabelle. Op der anerer Säit hu mer eng Avance vun 8 Punkten op déi 1. Equipe, déi géif erausfalen. De Virsprong op déi zwou Barrageplazen ass awer mat jee 5 Punkte manner grouss. Do heescht et nach oppassen.

Elo heescht et awer fir d'éischt emol fir jiddereen d'Batterien oplueden.

Am 2. Deel vun eisem Bilan kucke mer eis déi individuell Leeschtunge méi genee unn.

#allezmaer