"DRÉNK E PATT OB MECH"


11 May 2016

Well e Freideg de leschten Heemmatch ass, offréiert d'AS La Jeunesse d'Esch an de Supporterclub all Fan, deen um Match ass, no Ofpëff e Patt fir d'Saison zesummen ze clôturéieren. Jiddereen, deen ob d'Grenz kennt, kritt an der Entrée e Bong, deen hien nom (!) Match ka géint e Softdrink oder e Béier an der Buvette aléisen. Hoffe mer, datt mer da schonn ob déi definitiv 4. Plaz kennen ustoussen. Wa mär géint RM Hamm Benfica gewannen, géif dat ganz gutt ausgesinn. D'Jonge wëssen em wat et e Freideg geet. Dofir ass all Ënnerstëtzung wichteg. De Match gëtt um 19.30 Auer ugestouss.

Bis e Freideg! Oder fir et mat "Cool Feet" ze soen: "Drénk e Patt ob mech".

Weider Informatiounen zum Match fannt dir am Post hei ënnen.