1. HEEMMATCH AN 2023


18 February 2023

E Sonndeg spille mär um 16 Auer eisen 1. Heemmatch fir dëst Joer op der Grenz. Géigner ass den FC Victoria Rouspert, deen an der Tabell op Plaz 12 steet mat 15 Punkten. Den Himatch war auswäerts 1-1 ausgaangen. D'Equipe vun der Sauer huet no engem méi schwéieren Ufank elo besser an de Championnat fonnt. Fir déi 3 Punkten doheem ze halen, brauch et also eng änlech konzentréiert Leeschtung wéi lëschte Sonndeg,

De Ball vum Match gëtt gestëft vum Här Jean-Claude Conter a vun der Auto-Ecole Theis succ. José Goncalves. Hinnen e grousse Merci.

Arbitter moar ass de beschtbekannte Frank Bourgnon. Op de Linne stinn d'Madamm Melanie Malena an den Här Tiziano Glesener.

Well d'Oarbechten un de Gradins net ganz fäerdeg sinn, ass nach ëmmer just déi iewescht Entrée op (Rue des Sports).

#allezmaer